- écrit par Richard Mayer, S5DE, Lënster Lycée International School
Wann een haut op Madagaskar kuckt, gesäit een eng immens humanitär Kris, déi ee guer net sou schnell erkläre kann. Op der afrikanescher Insel am Indeschen Ozean brauchen zwee bis véier Millioune Leit humanitär Hëllef, fir hiren Alldags-Liewen ze packen. Eng an hallef Millioune Leit sinn op der IPC Skala mat Level 3 agestuuft, wat groussen Honger bedeit. 30% vu Kanner ënner 5 sinn ënnerernäert a 70% vun der Populatioun lieft an extremer Aarmut, dat heescht mat $1,90 pro Dag oder manner.Grouss Deeler vum Land hu keng Waasserklärungssystemer an d’Leiden am Land ass riseg. Fir ze verstoe wei dat alles geschitt ass, musse mir awer an d’Vergaangenheet kucken.
Am Joer 1960, virun 65 Joer, gëtt Madagaskar een onofhängegt Land. Déi Stëmmung am Land ass immens positiv, een ass keng franséisch Kolonie mei. Elo muss et erop ginn, oder? Leider fënnt déi jonk Republik keng Stabilitéit an d’Ongerechtegkeet tëschent der urbaner Elite an de ruralen Aarmen ass grouss. 1975 gëtt Didier Ratsiraka Präsident vu Madagaskar a verännert d’Course vum sou fragille Land: hien etabléiert sozialistesch Reforme wei eng Plangwirtschaft. Leider funktionéiert dat net sou wei geplangt a Madagaskar stagnéiert ekonomesch. An de speiten 80er Joren ass Ratsikara gezwongen, seng sozialistesch Pläng opzeginn an d’Wirtschaft ze liberaliséieren; 1992 gëtt et fräi Walen an den Albert Zafy gëtt neie President. Awer schonn 1996 mécht Ratsikara säi politesche Comeback a gewënnt d’Presidentschaftswalen. Bei den nächste Walen 2002 sträiten sech Ratsikara a säi gréisste Konkurrent Marc Ravalomanana iwwer eng geplangt Stéchwal an et kennt zu engem militäreschem Konflikt tëschent deenen zwee Gruppen. Déi sechs Méint an dene gekämpft gëtt, gëtt och ee groussen Deel vun der humanitärer Hëllef wéinst Stroosseblockade gestoppt, wat d’Situatioun verschlechtert. Europa oder d’USA waren net erfollegräich am Stoppen vun der Eskalatioun. Um Enn gewënnt Marc Ravalomanana de Kampf a gëtt Präsident vu Madagaskar mee d’Land ass aarm a schwaach. Schonn 2009 gëtt de Marc Ravalomanana vun engem Militärcoup aus dem Amt geholl an Andry Rajoelina ass den neie Präsident. Elo pauséieren vill Hëllefsorganisatiounen hiren Engagement wéinst der politescher Situatioun. Fir d’normal Mënschen am Land ass dat eng Katastroph. Och d’Wirtschaft leidet ënnert de Sanktiounen.
Am Joer 2015 huet den Wetterphenomen “El Niño” dramatesch Konsequenzen: eng Dréchent bréngt déi ganz agrikulturell Produktioun am Süde vum Land an en Stillstand a déclenchéiert eng Liewensmëttelkris fir 1,5 Millioune Leit. Déi Zyklonen Enawo (2017) an Ava (2018) zerstéiere grouss Deeler vun der Infrastruktur am Land an deplacéieren ongeféier 300.000 Leit. 2020 mécht déi global Coronakris dem Tourismus, ee vun den Haaptakommensquellen, ee Stréch duerch d’Rechnung. Nach mei schlëmm gëtt déi humanitär Situatioun duerch déi Zykloner Batsirai, Emnati (2022) a Freddy (2023), erëm hunn ongeféier 150.000 Leit keen Daach iwwert dem Kapp. Bis haut huet de Süde vum Land véier Joer Dréchent gesi wärend aner Regiounen ze vill Reen oder Zykloner ze spiere bekommen. Déi UN bestätegt, dat Madagaskar dat véiert am meeschte vum Klimawandel bedrot Land op der Welt ass an nennt déi Hongersnout am Land eng vun den éischten direkt vum Klimawandel verursaacht.
Bis haut ass d’Land politesch instabil. D’Ekonomie ass, mat engem Bruttoinlandsprodukt vu 506,16 USD pro Kapp am Joer 2023 schwaach. Déi Liewensqualiteit vun de Leit am Land konnt sech wéinst de villen politeschen an naturellen Réckschléi nie wierklech fundamental verbesseren. Déi Populatioun versicht sech nach vun enger Kris ze regeneréiere wann déi nächst kennt.
Réischt am Abrëll 2025 war den Emmanuel Macron, Präsident vu Frankräich, op Besuch ze Madagaskar an hat eng Diskussioun mat den neie Präsidenten Andry Rajoelina. Hei goufe sechs Accorden ënnerschriwwen, déi déi wirtschaftlech Kooperatioun mat an humanitär Hëllef vu Frankräich garantéieren. Mat der Klimakris, déi ëmmer mei seriö gëtt, wäert Madagaskar all Hëllef brauchen, déi et kréien kann.
Toutes les opinions exprimées par les « Correspondants Humanitaires » sont uniquement leurs opinions actuelles et ne reflètent pas les opinions de CARE International, CARE Luxembourg a.s.b.l., d'autres bureaux de CARE et leurs affiliés. Les opinions des « Correspondants Humanitaires » sont basées sur des informations qu'ils considèrent comme fiables, mais ni CARE Luxembourg a.s.b.l., ni ses affiliés et partenaires ne garantissent leur exhaustivité ou leur exactitude, et elles ne doivent pas être considérées comme telles.
Les « Correspondants Humanitaires » sont des étudiants (pour la plupart mineurs) des lycées luxembourgeois qui ont participé à trois ateliers guidés par CARE Luxembourg a.s.b.l. et ont été chargés de faire leurs propres recherches sur les pays proposés. CARE Luxembourg a.s.b.l. se réserve le droit de modifier la forme des articles mais ne changera pas le contenu du matériel afin de respecter le travail des étudiants et leurs points de vue.